Joseph Kayser eBooks
eBooks di Joseph Kayser di Formato Epub
D' Bomi ass doutEng Schachnovell. E-book. Formato EPUB Joseph Kayser - Editions Schortgen, 2019 -
D’Geschicht spillt am Joer 1972. De Julien, 9 Joer, ass en zimlech intelligente Jong, deen esou munches a sengem Ëmfeld a Fro stellt. An d‘Vakanz war hien nach ni, well säi Papp ze knéckegass. Bis d‘Bomi der Famill eng Woch op der belscher Plage spendéiert. Géint Enn vun der Vakanz iwwerschléit sech op eemol alles an et muss séier gehandelt ginn. De passionéierte Schachspiller Julien fënnt sech um Enn an enger ganz staarker Positioun. Als gudde Strateeg weess en dat auszenotzen.
De Mann, deen ëmmer laacht. E-book. Formato EPUB Joseph Kayser - Editions Schortgen, 2019 -
Firwat ass e Mënsch esou, wéi en ass? Genen, Erzéiung, den Afloss vun de Matmënschen?Beim Clement S. ass et dat alles. An ufangs och bestëmmt den Drang, géint verschidden Zwäng ze kämpfen. Seng Pedanterie an säin Haass, seng Onfäegkeet, Empathie ze empfannen an seng eegen Opfaassung vu Gerechtegkeet maachen, dass hien sech ëmmer méi isoléiert. Hie gëtt net eens mat Fraen, ze ville Mënschen an enke Raim a Leit, déi anescht sinn ewéi hien. De System awer weess sech ze wieren an auszesënneren, wat net gutt ass fir den eegene Betrib. Da fällt den éischte Schnéi ...
Prinzessin Charlotte. E-book. Formato EPUB Joseph Kayser - Editions Schortgen Sarl, 2018 -
De Fränz huet 12 Joer, wéi en am Hierscht 1976 an d’Stad an d’Schoul geet. De grousse Brudder ass schonn aus dem Haus, d’Schwëster schafft an ass seelen doheem. Am Elterenhaus leeft esou muenches dernieft an de Fränz plangt, heemlech fortzelafen, op Murmansk, eraus aus all deem, wat hien esou bedréckt. Ma ob dës Rees um Enn tatsächlech Realitéit gëtt?D’„Prinzessin Charlotte” ass keng Prinzessin, ma dem Fränz seng Tatta, déi an der Psychiatrie gelant ass. Hir Geschicht gëtt parallel zur eigentlecher Handlung erzielt a steet stellvertriedend fir dat, wat am Fränz senger Famill net esou ass, wéi et soll sinn.