Rich Ruppel eBooks
eBooks di Rich Ruppel di Formato Epub
Eis Jonge ginn agezunn!. E-book. Formato EPUB Rich Ruppel - Editions Schortgen, 2018 -
Sechs Lëtzebuerger Jongen, déi zwangsrekrutéiert goufen, kommen an e preisescht Ausbildungslager.Si hu wëlles aus dësem Lager fortzelafen, mee si stellen dann awer fest, datt et esou gutt wéi onméiglech ass. Si waarden op eng besser Geleeënheet.Spéider kréien si och d?Chance, fir sech aus dem Stëbs ze maachen. Dat geet awer net esou einfach wéi gesot. Ënnerwee komme si zoufälleg an eng Géigend, wou grad en Zuch entgleist ass. Si wëllen dohi kucke goen, fir ze hëllefen. Do ginn et en etlech Doudeger. Just eng eenzeg Persoun konnt vun hinne gerett ginn: d?Anne Montpellier, eng franséisch Resistenzlerin.De Wee fir heem ass wäit a beschwéierlech a si erliewe villes zesummen.Kommen s?alleguer sécher heem? Gëtt et en Happy-End?
Dräi Läichen zu Koplescht. E-book. Formato EPUB Rich Ruppel - Editions Schortgen Sarl, 2018 -
E Seriemaerder gett gesicht.De Kommissär Jos Mathes a seng Equipe kréien enges Daags d’Noriicht, datt d’Läich vun enger Fra zu Koplescht fonnt gouf. Si maachen sech direkt op de Wee dohin, fi r esou vill wéi méiglech Informatiounen ze kréien.Eng gutt Woch méi spéit gëtt nees eng Fraeläich entdeckt.Et gëtt festgestallt, datt den Täter déi zwou Fraen nom selwechte Muster ëmbruecht huet, fir se duerno op déiselwecht Plaz, nämlech e géien Hank bei engem Floss, erofrëtschen ze loossen.Wat kann dat bedeiten?E Seriëmäerder dreift also säin Onwiesen an der Ëmgéigend vu Koplescht.Ginn et nach méi Affer?